Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Allerbuer

Allerbuer läit e Kazesprong vun der belscher Grenz an engem Westhank, 71 km vun der Stad. Et ass der Gemeng Wëntger hir westlechst Uertschaft an tëscht Tratten an Uewerwampech ze fannen. Säin héchste Punkt um Flouer Paatzeratt indiquéiert d‘Landkaart mat 517 Meter - den déifste mat ronn 420 am Dall vun der Wemperbaach. D’N20 verbënd d‘no Féitsch mat der Grenz, hiren Uschloss un d‘belsch Nationalstrooss N874 féiert via Lingser (d. h. Longvilly) op Baaschtnech. (Allerbuer ass eent vun den Dierfer, dat duerch déi éischt Gemengefusioun landeswäit vum Wolzer an de Clierfer Kanton koum.) De Saz d’Wëntger d’Gemeng hätt ‘presqu’entièrement dépendu des seigneuries de Wiltz, de Clervaux et d’Oberwampach’ an d’‘armoiries de toutes ces familles seigneuriales dérivent de celles de Wiltz’ verréit säi Lien mat Wolz a Wampech.

No dem ’Crépuscule des temps anciens’ erzielen Dokumenter aus dem noen Ëmfeld: dass d'Uertschaft Lingser, (d’wallounescht Längsweller) aus der Vogtei Baaschtnech entstoung. Am 9. Joerhonnert haten d'Patere vun de Abtei Prüm do Bëscher ëmgehaen hu fir Akerland ze schafen. An am Joer 907 gouf Wampech am Rapport mat der Abtei Stavelot ernimmt, zu där et bis 1131 geheiere sollt. D’kleng al Allerburrer Haiser louche bal sou no bei Baaschtnech wéi bei Wolz, se hu wahrscheinlech versicht lues z’avançéieren, symbolesch, well stoe bleiwe wollt jo keen. D’herrschaftlech Famill De Cicignon vun Uewerwampech hat natierlech en Aa op si. 1677 gouf e Charles-Theodor de Cicignon ‘Grossvogt der Ardennen’ genannt. D’Landwirtschaft hat mam Ubau vun Huewer, robustem Koar a Grompere secherlech eng Haapt-Roll am Duerf-Liewen. Sproochlech gesinn läit den Uertsnumm no bei Alleron deem seng éischt Silben op Adal oder Adel hiweisen an nobel bedeiten. (J. Tosti) (Dräi germanesch Beschef houschen Adalbero.) Born ass kloer en ‘toponyme désignant une source, un ruisseau.’

Allerbuer gouf ugangs dem 18. Jh. Filial vun Uewerwampech; um Bou iwwer der Kierchen-Entrée steet 1723. Kuerz drop koum Christophorus-Veréierung op (mat Ënnerbriechungen.) (Déi Allerburrer sollten allerdéngs och Sankt Matteis uruffe fir de richtege Métier ze wielen.) Zanter 1919 ginn um Dag vum Éischtgenannten Autoen an aner Gefierer geseent. ‘t ginn niewebäi gutt Mäifel, a Käerzen a Medaille do verkaaft fir den Afferstack ze fëllen an ‘t gëtt sech u fréier erënnert. Op e geriichtleche Verbued net-öffentlech Pied ze benotzen haten hei d’Bauere protestéiert. Si goungen am Gänsemarsch duerch e frësch ugeséite Feld, fir e Pad bis bei d‘Kierch ze treppelen. (Cl. Fandel) Kierchen op der Héicht sinn wäithi visibel Zäitzeien a waren allemols och Zufluchtsplaz an Zeeche vu Muecht. Dëser hire kuckeswäerten Interieur huet en héichbarocken Haapt- an ee Säitenaltor lénks a riets e Priedegtstull. D’Duerf-Schoul besiche sollten am Wanter 1849 néng Kanner vun 91 Leit - di aner Zäit gounge s‘an d’Uewerwämper Schoul. 1848 waren hei 76 Leit agedroen. (www.meisch.lu/COMP/1848last.) Haut zielt d’Duerf 110 Awunner. En Arrêté dréit 1871 ëm de Bau vun där ewell ernimmten (gutt 2km laanger) Strooss iwwer d‘Allerburrerbaach’, déi au frais de l’Etat d’al Wolzer Streck mat Baaschtnech verbanne sollt.

Een Allerburrer Mann hat par hasard foffzech Joer virdrun (1821) beim lieu-dit “Chifontaine“ e Block Plomb vu 700 Kilo fonnt (an domat “e Steen un d’Rulle bruet”.) Eng spezialiséiert Firma konnt do dann ab 1826 eng Bläiglanzmine exploitéieren. (Hire Rendement louch 1835 bei 135 Tonnen minerai de plomb.) Wéi d’nei Grenz koum gouf de Betrib no intensivem Iwwerleeën 1839 ‘ugesinn als propriété mixte’ a kuerz drop (1843) zwëschen den zwee Nopeschlänner partagéiert. Wéins hirer ‘situation particuliaire‘ haten ee lëtzebuerger Geometer an e belschen Ingenieur d‘Plaz nei ausgemooss. Der Maastrichter Conventioun hire fin mot war dann eng franchise de tout droit de douanes. (Jos Goergen, Grenzmaarkebuch) Der Mine hire Bilan no 55 Joer: 1125t Bläiglanz! An hirer beschter Zäit, 1881, huet d’Mine 300 Aarbechter beschäftegt. Deemols koum en neit ‘Luxemburger Wochenblatt’ eraus. (Et wollt ‘Lehrer, Pastoren, Beamten, Kaufleute a Gutsbesitzer’ uspriechen.) Seng Viirléift ware vollekstëmmlech Lieserbréiwer - beispillsweis iwwer ‘rücksichtslose Droschkenkutscher’ oder d‘Ëmhaen vu Beem op der Place d’Armes. Ob och d’Bläiglanzmine en Thema dra war? Hir Produktioun goung lues a lues erof, Waasserproblemer sollten iergendeemol hiren Ofbau erschwéieren. 1891 sollten an de Biergaarbechter-Wunnenge vu Chifontaine nach 46 Awunner hausen an ëm 1901 koum d’Fermeture vum Betrib.

P.S. Vum lokalen thematesche Wanderwee bestinn zwou Versiounen iwwer d’Grenz eraus. ‘t begéingt een do Spuere vum Bläibiergwierk an ë.a. och d’Douaniershaus. Jiddereen entdeckt hei aner Photomotiver, z.B. d’Grenzmaarken LB 246 oder 247, d’remarkabel ‘arche de hêtres d'Allerborn’, al Weekräizer a rar Flouernimm wéi “Weiberbierg” a Faulfeld. D’Jugend féiert e Bus an aller Päärdsfréi vum nërdleche Weiler erof via Allerbuer an de Wolzer Lycée. (Op der noer ‘Féitsch’ logéieren säit 2009 am groussen neien Busdepot vill där praktescher Vehikelen.) Wou soss d‘N12 laanscht isoléiert Haiser goung sinn haut verschidde gutt Adressen. Mä iwwer d’Féitsch houngen och ewell donkel Wolleken. Mëtt Dezember 1944 hunn amerikanesch Infanteriezaldoten sech do agegruewen, hirer Panzer goungen do a Stellung an entgoungen enger fierchterlecher Panzerschluecht, an där d‘Wehrmacht d’Uewerhand behoul. (E. Lamborelle) Baaschtnech louch net wäit ewech. Am Krich waren hei 14 vun den 19 Duerfhaiser beschiedegt an véier tëscht 80 an 100%. Kucke mer no vir, kléngt de Gemenge-Responsablen hire momentane Wonsch no ‘harmoneschem Wuesstëm mat Rücksicht op d’Identitéit vun den Dierfer’ ganz gutt.